Wichteg
Datumer an der Geschicht vum Veräin
27.11.1998
Assemblée
Constitutive vum Laftreff Hesper, op Ureegung vun engem Grupp vu Frënn déi all
scho méi wéi 10 Joer lafen.
10.05.1999
D'Statute
vum Veräin gi vum Gemengerot Hesper ugeholl.
19.09.1999
1.
Hesper Jogging mat 35 Memberen iwwer 11 km.
01.05.2000
De
Laftreff Hesper gewënnt d'Catégorie mixte vun der Staffel "5 Stonne Mondorf" mat
76,3 km.
02.07.2000
1.
Editioun vun den "1.000 km Hesper" am Parc vun der Gemeng. Tëschent 8 an 12 Auer
sinn 166 Leeferinnen a Leefer eng Streck vun 2.168 km gelaf. 40.000 Frang
Recetten an en Don vu 50.000 Frang vun der "Gemeng Hesper"
ginn un "Médecins sans Frontières Luxembourg"
gespend.
01.07.2001
2.
Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 306 Leeferinnen a Leefer an enger
Gesamtdistanz vun 3.692 km. Recette vu 69.000 Frang an en Don vu 50.000 Frang
vun der "Gemeng Hesper"
ginn un "Handicap International
Luxembourg".
15.12.2001
Bäitrëtt
un d'Fédération Luxembourgeoise
d'Athlétisme
14.07.2002
3.
Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 523 Leeferinnen a Leefer an enger
Gesamtdistanz vu 5.908 km. Recette vu 2.940 Euro an en Don vun 1.240 Euro vun
der "Gemeng Hesper"
gin un "Handicap International
Luxembourg".
22.09.2002
4.
Editioun vum Hesper Jogging mat ronn 70 Leeferinnen a Leefer iwwer 10 km,
organiséiert am Kader vun der Manifestatioun "En ville sans ma
voiture"
16.03.2003
LT
Hesper Rekord Bedeelegong fir eng 10 km Course (Postlaf) mat 33 Memberen am
Zil.
27.04.2003
LT
Hesper Beschtleeschtung fir e Marathon: um Hamburg Marathon kommen 13 Memberen
am Zil un.
13.07.2003
4.
Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 672 Leeferinnen a Leefer an enger
Gesamtdistanz vu 8.262 km. Den LT Hesper an d'Gemeng Hesper
(1.250 Euro) spenden zesummen 4.000 Euro un d'Fondation Luxembourgeoise Contre le
Cancer.
06.09.2003
Den
LT Hesper besteet zënter 5 Joer: Eng Delegatioun vun 30 Persounen reest op
Pauillac bei Bordeaux: 9 vun eis lafen de Médoc Marathon, déi aner,
Familjememberen a Supporter sinn eng wertvoll Ënnerstétzung.
28.09.2003
Op
der Route du Vin zu Réimech kommen 26 Leefer vun eis un (Rekord fir
Semi-Marathon)
04.04.2004
Saisonhéichpunkt
am Marathon fir den LT Hesper: zu Parais lafen 10 LTH Memberen duerch d'Zil no
beim Arc de Triomphe.
11.07.2004
Rekordéditioun
von den "1.000 km Hesper": 8.850 km ass déi nei Beschtleeschtung, opgestallt vu
660 Participant'en. D'Camilla Herber vim CAEG leeft eleng 48 km an deene 4
Stonne (neien Dammerekord!). D'"Association de lutte contre la mucoviscidose"
kritt eng Spend vun 4.100 Euro.
10.07.2005
6.
Editioun vun den "1.000 km Hesper": 585 Leeferinnen a Leefer packen zesummen
7.586 km. De Luc Lambert egaliséiert de Solorekord vum Michel Rubio aus dem Joer
2003 a leeft och 52 km. D'"Association Européenne contre les
Leucodystrophies-ELA Letzebuerg" freet sech iwwer eng Spend vu 4.000
Euro.
31.10.2005
Bei
typeschem, ireschem Halloween-Wieder verzeechent den LT Hesper 7 Arrivéen beim
Dublin Marathon. Zwee Leefer absolvéieren eng Begleedung iwwer e puer Meilen,
Groupe mat de Supporteren emfaasst 22 Persounen.
27.05.2006
Neie
Participatiounsrekord fir den LT Hesper op der Marathonsdistanz. 17 stinn an der
Startlëscht ënner LT Hesper a
kommen och an der Coque un. 5 weider Memberen erreechen d’Zil, dat heescht
insgesamt 22 LTH Membere packen déi klassësch 42,195 km. 10
weider Memberen absolvéieren erfollegräich de
Semi-Marathon.
09.07.2006
„1000
km Hesper“: 655 Participanten lafen eng Gesamtdistanz vun 8366 km, dat ass dat
zweetbescht Resultat an der 7jähreger Geschicht vun den „1000 km“. Bei de Männer
gëtt et een neie Rekord vum Marco Kiesgen mat 54 km fir déi 4 Stonnen. Bei den
Dammen ass d’Monique Muhlen déi bescht mat 44 km, de Rekord bleift beim Camilla
Herber. „
Handicap International
Lëtzebuerg“
ka sech iwwer eng Spend vu 4400 EUR freeën.
24.09.2006
Een
LT Hesper Groupe vu 15 Persounen flitt op Berlin. 6 Leefer sinn an de Resultater
vum Berlin Marathon, bei engem richtegen „Hitzerennen“.
19.11.2006
4
LTH Staffele schloen sech ganz gutt beim „Uewersauertrail“. Si beleeën am
Generalklassement d’Plazen 15, 17,
45 a 47 vu 64 Staffelen um Start. An der Catégorie Mixte ass LT Hesper2 (Aloyse,
Monique, Guy) op dem Podium, 2. Plaz vun 20.
05.05.2007
Hesper
ass „Centre de Promesses“ am Kader vum „Télévie 2007“. 114 Leefer/Innen maache
bei eise Coursen iwwer 6 km oder 12 km mat a bezuele ronn 930 EUR an. Den LT
Hesper iwwerweist 1000 EUR op den Télévieskont bei der Hesper
Gemeng.
08.07.2007
8. Editioun vun den "1000 km Hesper": 608 Leeferinnen a
Leefer pakken zesummen 7820 km. D'Monique Muhlen ass beschten Damm mat 46 km an
de John Hulten stellt de Rekord bei de Männer mat 54 km an. D'Spend fir
ELA Lëtzebuerg
beleeft sech op 4500 EUR.
30.09.2007
Ee
Groupe vu 15 Persounen mécht een TGV Ofstiecher op Paräis.11 LTH bedeelegen sech
bei de 16 km vu Paris-Versailles (30e éd.), Start net wäit vum Eiffeltuerm
an Arrivée no beim Versailler Schlass.
28.10.2007
Ursprünglech hate 5 LTH Leefer de Venedeg Marathon fest ageplangt, mee Krankheet a Verletzung schloen erbaarmungslos zou. Nëmmen 2 Leefer kënnen de Start huelen a kommen och gutt an der Lagunestad un. Dofir huet "Delegatioun" vun de Begleeder, mat 14 Persounen"olympësch" Ausmoossen.
03.05.2008
Neien LT Hesper Gesamtrekord am Kadar vun den ING Coursen an der Stadt: 37 vun eis kommen an der Coque un, 30 um Semi an 7 um Marathon.
25.05.2008
Flotten Ofstiecher an déi belsch Haaptstadt: 7 LT Hesper Membere mëschen sech ënner 20.000 Participanten bei der 29. Editioun vun den '20km de Bruxelles'.
13.07.2008
9. Editioun vun den "1000 km Hesper": 686 Leeferinnen (Rekord) pakken 8520 km (2tbescht Leeschtung). Neie Streckerekord duerch den John Hulten (56 km) an Amélie Hoffmann (48 km ex-aequo mat Camilla Herber/2004). Handicap International freet sech iwwer een LT Hesper Don vun 6000 EUR.