Départ: 18h00 am Park, hannert der Hesper Gemeng beim
BEACH CLUB.
Dauer: 1 Stonn
Parcours: Circuit fermé vun 1 Kilometer am Hesper Park
Inscriptioun: 10€ (
1 LED-Liichtobjet + 1 Taass inclus fir déi éischt honnert Umelder!)
E puer Detailer zum Laf: - Et handelt sech em ee Laf an der Däischtert, am Park mat senger Adventsbeliichtung.
- D’Formule heescht „matlafen ass alles“ d. h. et gëtt keng Zäitnahm a kee Klassement.
- D‘Zil ass 1 Stonn Lafen ze paken.
- Schluss deemno em 19h00, den ugefaangenen Tour gëtt fäerdeg gelaf.
- 1 Glühwäin (+ Stollen) gëtt nom Laf, am gehëtzte Chalet vum Beach Club, offréiert.
- Parkméiglechkeeten um Alzénger Camping (Entrée = rue du Camping).
Maacht am beschten eng Iwwerweisung vun
10 EUR, bis
Mëttwoch 17.11. op de Kont vum LT Hesper (CCPL IBAN LU97 1111 1712 4237 0000), Vermierk:
„Stärelaf 2021“, Numm/Nimm + Virnumm/Virnimm. Äre Virement = Umeldung!
*Fir déi éischt 100 VIRINSCRIPTIOUNEN: 1 Liichtobjet an eng Taass si garantéiert!
-> Bei Virumeldung: Huelt w.e.g. bis spéitstens 17h45 Äre Liichtobjet an Är Bonge fir Taass (100 éischt) a Glühwäin eweg!
All zousätzlech perséinlech Liichtobjete si wëllkomm.
NOMELDUNGEN op der Plaz selwer, de 20.11, vu 17h00 bis 17h30 spéitstens!!
NB : Jidderee leeft op eege Responsabilitéit a passt op seng eege Sécherheet op!!