8. LT Hesper Stärelaf - Samschdeg, 30 November 2024

Départ: 18h00 am Park, hannert der Hesper Gemeng beim BEACH CLUB.
Dauer: 1 Stonn
Parcours: Circuit fermé vun 1 km am Hesper Park
Inscriptioun: 10€ (1 LED-Liichtobjet + 1 Taass inclus fir déi éischt honnert Umelder!).

Nëmmen Umeldungen méiglech iwwert Virement op de Kont vum LT Hesper.

Leschten Delai: XX.11.24 (keng Nomeldungen op der Plaz selwer)

E puer Detailer zum Laf:

- Et handelt sech ëm ee Laf an der Däischtert, am Hesper Park mat Adventsbeliichtung.
- D’Formule „matlafen ass alles“ bedeit et gëtt keng Zäitnahm a kee Klassement.
- Schluss ass ëm 19h00, den ugefaangenen Tour gëtt fäerdeg gelaf.
- Parkméiglechkeeten um Alzenger Camping (Entrée rue du Camping).

Umeldung duerch Iwwerweisung vun 10 EUR, bis spéitstens Méindes XX.11.24 op de Kont vum LT Hesper
(CCPL IBAN LU97 1111 1712 4237 0000), Vermierk: „Stärelaf 2024“, Numm + Virnumm vun all Participant.


*Fir déi éischt 100 INSCRIPTIOUNEN ass 1 LED Liichtobjet + Taass garantéiert!

Huel w.e.g. bis spéitstens 17h45 däi Liichtobjet an däi Bong fir Taass (100 éischt) of.

All zousätzlech perséinlech Liichtobjete si wëllkomm.

NB: Jidderee leeft op seng eege Responsabilitéit a passt op seng eege Sécherheet op!!