23. Editioun 1000 km Hesper - Sonndeg den 14 Juli 2024



Détailer vun der Course

- Départ: Centre Nicolas Braun (niewent der Gemeng).
- D'Startzäit ass fräi wielbar tëschent 8 an 12 Auer, déi lescht Ronn gëtt ëm 12 Auer gelaf.
- Et leeft jidfereen no senger Vitesse op engem Parcours vun 2 Kilometer.
- D'Zil ass et fir e Minimum vun 1.000 km (als Somm vun alle gelafene Kilometeren) ze erreechen
(de Rekord läit bei 8.850 km, gelaaf am Joër 2004).
- Inscriptioune: minimum 8 EUR, Kanner 3 EUR (op der Platz oder mat engem Virement op de Kont IBAN LU97 1111 1712 4237
0000).
- Den Erléis vun der Course geet un e gutt Wierk.
- Gratis Tombola.
- Präis fir déi gréisste gelafen Distanz bei Dammen an Häeren. Zousätzlech Präisser gin ët fir
déi beschten Damm an den beschten Häer aus der Gemeng Hesperange.

Aktuelle Rekord Dammen: Camilla Herber 48 km (2004), Amélie Hoffmann 48km (2008), Amélie Hoffmann 46km (2009), Yasmine André / Annette Schumacher 32km (2010), Muriel Auer / Yasmine André 42km (2011), Eliane Kayser 46km (2012), Amélie Hoffmann 46km (2013), Amélie Hoffmann 46km (2014), Amélie Hoffmann 44km (2015), Amélie Hoffmann 42km (2016), Amélie Hoffmann + Sandra Dos Santos38km (2017), Danielle Grimmler+ Carole Wissler 40km (2018), Martine Ronck + Sandra Dos Santos + Stefanie Bokkon-Holsten 28km (2019), Martine Ronck 36km (2022), Carole Pütz 34km (2023)

Aktuelle Rekord Hären: Michel Rubio 52km (2003), Luc Lambert 52km (2005), Kiesgen Marco 54km (2006), John Hulten 54km (2007), John Hulten 56km (2008), John Hulten 54km (2009), Mike Omes 48km (2010), José Azevedo 62km (2011), Tom
Thill 52km (2012), Tom Thill 52km (2013), Gilbert Wirtz 46km (2014), Fernand Kohl 46km (2015), Christophe Pirene 48km (2016), Mario Armano 50km (2017), Domingos Silva 54km (2018), Mario Armando 50km (2019), Silva Domingos 58km (2022), Jordan Da Silva 40km (2023)

Praktesch Informatiounen

- Toiletten: am Centre Nicolas Braun.
- Vestiairen/Duschen: am Centre Sportif et de Loisirs, Holleschbierg

Organisatioun

- Laftreff Hesper an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper.