Historique vum LT Hesper - 1998 bis haut


Wichteg Datumen an der Geschicht vum Veräin


 


27.11.1998


Assemblée Constitutive vum Laftreff Hesper, op Ureegung vun engem Grupp vu Frënn déi all scho méi wéi 10 Joer lafen.


 


10.05.1999


D'Statute vum Veräin gi vum Gemengerot Hesper ugeholl.


 


19.09.1999


1.“Hesper Jogging“ mat 35 Memberen iwwer 11 km.


 


01.05.2000


De Laftreff Hesper (Christiane S, Tessie, Jacques B, Jean-Paul, Guy R) gewënnt d'catégorie mixte vun der Staffel "5 Stonne Mondorf" mat 76,3 km.


 


02.07.2000


1. Editioun vun den "1.000 km Hesper" am Parc vun der Gemeng. Tëschent 8 an 12 Auer sinn 166 Leeferinnen a Leefer eng Streck vun 2.168 km gelaf. 40.000 FLUX u Recetten an en Don vu 50.000 FLUX vun der "Gemeng Hesper" ginn u "Médecins sans Frontières Luxembourg" gespend.


 


01.07.2001


2. Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 306 Leeferinnen a Leefer an enger Gesamtdistanz vun 3.692 km. Recette vu 69.000 FLUX an en Don vu 50.000 FLUX vun der "Gemeng Hesper" ginn un "Handicap International Luxembourg".


 


15.12.2001 Bäitrëtt un d'Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme


 


14.07.2002


3. Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 523 Leeferinnen a Leefer an enger Gesamtdistanz vu 5.908 km. Recette vu 2.940 EUR an en Don vun 1.240 EUR vun der "Gemeng Hesper" si fir "Handicap International Luxembourg".


 


22.09.2002


4. Editioun vum Hesper Jogging mat ronn 70 Leeferinnen a Leefer iwwer 10 km, organiséiert am Kader vun der Manifestatioun "En ville sans ma voiture"


 


16.03.2003


LT Hesper Rekordbedeelegong fir eng 10 km Course (Postlaf) mat 33 Memberen am Zil.


 


27.04.2003


LT Hesper Beschtleeschtung fir e Marathon: um Hamburg Marathon sinn 13 Memberen op der Arrivée.


 


13.07.2003


4. Editioun vun den "1.000 km Hesper" mat 672 Leeferinnen a Leefer an enger Gesamtdistanz vun 8.262 km. Den LT Hesper an d'Gemeng Hesper (1.250 EUR) spenden zesummen 4.000 EUR un d'Fondation Luxembourgeoise Contre le Cancer.


 


06.09.2003


Den LT Hesper besteet zënter 5 Joer: Eng Delegatioun vun 30 Persounen reest op Pauillac bei Bordeaux: 9 vun eis lafen de Médoc Marathon, déi aner, Familjememberen a Supporter sinn eng wertvoll Ënnerstétzung.


 


28.09.2003


Op der Route du Vin zu Réimech kommen 26 Leefer vun eis un (Rekord fir Semi)


 


04.04.2004


Saisonhéichpunkt am Marathon fir den LT Hesper: zu Parais lafen 10 LTH Memberen duerch d'Zil no beim Arc de Triomphe.


 


11.07.2004


Rekordéditioun von den "1.000 km Hesper": 8.850 km ass déi nei Beschtleeschtung, opgestallt vu 660 Participant'en.


D'Camilla Herber vum CAEG leeft eleng 48 km an deene 4 Stonne (neien Dammerekord!). 


D'"Association de lutte contre la mucoviscidose" kritt eng Spend vu 4.100 EUR. 


 


10.07.2005


6. Editioun vun den "1.000 km Hesper": 585 Leeferinnen a Leefer packen zesummen 7.586 km. De Luc Lambert egaliséiert de Solorekord vum Michel Rubio aus dem Joer 2003 a leeft och 52 km. D'"Association Européenne contre les Leucodystrophies-ELA Letzebuerg" freet sech iwwer eng Spend vu 4.000 EUR.


 


31.10.2005


Bei typeschem, ireschem Halloween-Wieder verzeechent den LT Hesper 7 Arriveeë beim Dublin Marathon. Zwee Leefer absolvéieren eng Begleedung iwwer e puer Meilen, de Groupe mat de Supporteren emfaasst 22 Persounen.


 


27.05.2006


Neie Participatiounsrekord fir den LT Hesper op der Marathonsdistanz. 17 stinn an der Startlëscht ënner LT Hesper a kommen och an der Coque un. 5 weider Memberen erreechen d’Zil, dat heescht insgesamt 22 LTH Membere packen déi klassësch 42,195 km. 10 weider Memberen absolvéieren erfollegräich de Semi-Marathon.


 


09.07.2006


„1000 km Hesper“: 655 Participanten lafen eng Gesamtdistanz vun 8366 km, dat ass dat zweetbescht Resultat an der 7jähreger Geschicht vun den „1000 km“. Bei de Männer gëtt et een neie Rekord vum Marco Kiesgen mat 54 km fir déi 4 Stonnen. Bei den Dammen ass d’Monique Muhlen déi bescht mat 44 km. „ Handicap International Lëtzebuerg“ ka sech iwwer eng Spend vu 4400 EUR freeën.


 


24.09.2006


Een LT Hesper Groupe vu 15 Persounen flitt op Berlin. 6 Leefer sinn an de Resultater vum Berlin Marathon, bei engem richtegen „Hitzerennen“.


 


19.11.2006


4 LTH Staffele schloen sech ganz gutt beim „Uewersauertrail“. Si beleeën am Generalklassement d’Plazen 15, 17, 45 a 47 vu 64 Staffelen um Start. An der Catégorie Mixte ass LT Hesper2 (Aloyse, Monique, Guy) op dem Podium, 2. Plaz vun 20. 


 


05.05.2007


Hesper ass „Centre de Promesses“ am Kader vum „Télévie 2007“. 114 Leefer/Innen maache bei eise Coursen iwwer 6 km oder 12 km mat a bezuele ronn 930 EUR an. Den LT Hesper iwwerweist 1000 EUR op den Télévieskont bei der Hesper Gemeng.


 


08.07.2007


8. Editioun vun den "1000 km Hesper": 608 Leeferinnen a Leefer pakken zesummen 7820 km. D'Monique Muhlen ass beschten Damm mat 46 km an de John Hulten stellt de  Männerrekord mat 54 km an. D'Spend fir ELA Lëtzebuerg beleeft sech op 4500 EUR.


 


30.09.2007


Ee Groupe vu 15 Persounen mécht een TGV Ofstiecher op Paräis.11 LTH bedeelegen sech bei de 16 km vu Paris op Versailles (30e éd.), Start net wäit vum Eiffeltuerm an Arrivée no beim Versailler Schlass.


 


28.10.2007


Ursprünglech hate 5 LTH Leefer de Venedeg Marathon fest ageplangt, mee Krankheet a Verletzung schloen erbaarmungslos zou. Nëmmen 2 Leefer kënnen de Start huelen a kommen och gutt an der Lagunestad un. Dofir huet "Delegatioun" vun de Begleeder, mat 14 Persounen"olympësch" Ausmoossen.


 


03.05.2008


Neien LT Hesper Gesamtrekord am Kader vun den ING Coursen an der Stadt: 37 vun eis kommen an der Coque un, 30 um Semi a 7 um Marathon.


 


25.05.2008


Flotten Ofstiecher an déi belsch Haapstad: 7 LT Hesper Membere mëschen sech ënner 20.000 Participanten bei der 29. Editioun vun den '20km de Bruxelles'.


 


13.07.2008


9. Editioun vun den "1000 km Hesper": 686 LeeferInnen (Rekord) pakken 8520 km (2.bescht Leeschtung). Neie Streckerekord duerch den John Hulten (56 km) an Amélie Hoffmann (48 km ex-aequo mat Camilla Herber/2004). Handicap International freet sech iwwer een LT Hesper Don vu 6000 EUR. 


 


05.09.2009


10 Joer LT Hesper: Beim “Jungfrau Marathon” starten 11 LT Hesper Memberen zu Interlaken op enger Héicht vu 568 m, fir spéider, bei phantastëschem Wieder, d’Zil op der “Kleinen Scheidegg” (H = 2100 m) ze erreechen.


 


2009-2017 


9 erfollegräich Joer fir d‘1000 km Hesper mat ëmmer 550-650 Participanten. Nëmmen extreem Wiederverhältnisser loossen zweemol, 2010, mat Dagestemperature vu méi wéi 30 Grad, an 2012, mat sintflutaartegem Reen fir 1 Stonn, d’Zuel vun de Matleefer knapp ënner 500 rutschen.


 


10.07.2011


De José Azevedo stellt bei den “1000 km Hesper” en neien  Härerekord mat 62 km op.


 


13.07.2014


De Finn Jussi Bright leeft mat enger vu sengen 2 km-Ronnen den 100 000. km an der Zesummerechnung vun allen Editiounen aus de Joren 2000-2014.


 


01.11.2015 


Beim Marathon zu Auckland, an Neuseeland, leeft de Guy Reckinger vum LT Hesper säin 100. Marathon.


 


06.03.2016 


Den 1. “LT Hesper Season’s Opening” ersetzt den traditionellen “Hesper Jogging” vum September. Et huelen 38 Leefer a Leeferinnen deel.


De Laf ass haaptsächlech fir Clubmembere geduecht a soll datumsméisseg ëmmer eng Woch virum Postlaf stattfannen.


 


14.5.2016 


Um Grand Prix vu Bern, iwwer 10 Meilen, op ofwiesslungsräicher Streck a bei flotter Ambiance, huelen 8 LT Hesper Memberen deel.


 


30.10.2016


Frankfurt Marathon: 9 LT Hesper Membere sinn ënnert de ronn 11000 gléckleche Finisher an der Messehal.


 


26.11.2016 


1. LT Hesper Stärelaf: 115 Sportler sinn ugemellt  an dréien, equipéiert mat Liichtkapen a Knéckliichter, vun 18 bis 19 Auer, e puer 1km- Ronnen, duerch de Gemengepark an Adventsbeliichtung. 


 


9.7.2017 


Mam Paul Wilmes begréisse mir den 10000. Participant an der Additioun vun allen „1000 km“ Editiounen.


 


29.09.2017 


Beim Frankfurt Marathon fanne mir 4 LT Hesper Eenzelstarter, dorënner de Robert Lux, deen net nëmmen, zënter e puer Joer, zum Frankfurt Marathon-Club gehéiert (vun 10 Frankfurt Marathonen un), mee dës Joer souguer, als offizielle Pacemaker, „säi“ Groupe, wéi geplangt, ënner 4h45 an d‘Zil féiert.


Eischtmoleg ass och eng LT Hesper Staffel (mixte zu 3) op der Streck: Plaz 1230 am Generalklassement, 510 Staffelen sinn nach hannendrun.


 


25.11.2017


Och bei  der  2. Editioun vum Stärelaf genéissen d’Leefer , bei Chrëschtmusék, déi speziell Stëmmung am Park an och, no der Course, de Stollen an de Glühwäin am Chalet. D’Inscriptioune ginn  op 134 erop.


 


08.04.2018


3 LT Hesper Eenzelstarter packen d’Marathondistanz zu Hannover. Eng LT Hesper Staffel verpasst, mat 4:19:17, knapp d’Zäit vun der LTH Staffel vun 2017 (Frankfurt/ 4:17:04).


 


19.05.2018


Bei “Weltënnergangswieder” erreeche 7 LT Hesper Leefer d’Zil beim Grand Prix vu Bern.


 


28.10.2018


Acqua alta a Stuerm fir 4 LT Hesper Leefer bei engem memorable Venedeg Marathon.


 


07.04.2019


Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum LTH ass de ganze Comité (10 Leit) am Ausland fir 1 Course: 15 lafe Semi, 2 de Marathon an och eng 4er Staffel hëllt deel (Total 21 = Rekord!) D’ganz “Delegatioun” besteet aus 37 Persounen, och dat ass Rekord.