Training

D'Leeferrinnen an Leefer treffen sech Sonndes Moies um 9 Auer bei der Hesper Schoul. D'Vitesse mat där gelaf gëtt an d'Distanz déi gelaf gëtt hänke vum Grupp of.All aner Treffen an der Woch berouen op individueller Ofsprooch!

Wichteg: Huelt w.e.g. virun dem éischtmolege Matlafe Kontakt mat engem Comitésmember op!

Assurance: D'Memberskaart beinhalt keng Assurance-accident fir den eenzelne Leefer. Kee Member kann de Club responsabel maache fir een Accident deen him, virun, während oder no dem Lafe passéiert. Jidderee muss selwer aschätze wéini, wou a wivill hie leeft. Jidderee soll säi Gesondheetszoustand vun engem Doktor iwwerpréife loossen. De Club ass net responsabel fir d'Wiederkonditiounen, d'Streck déi gelaf gëtt oder d'Behuele vun de Leefer während dem Lafen. Jidderee leeft op eege Responsabilitéit a passt op seng eege Sécherheet op. De Laftreff Hesper huet awer eng Assurance ofgeschloss fir d'Responsabilitéit vum Club vis-à-vis vun Drëttpersounen.